Pantomime Workshop mam Damir Dantes (org. Mäerzeger Fonkerten)





D’ Mäerzeger Fonkerten bidden am Juni e Workshop mam Damir Dantes un vir sech mat den Techniken vun der Pantomim vertraut ze maachen. De Workshop riicht sech un all theaterbegeeschtert Léit. Eng kléng Erfarung am Theaterspillen ass erwënscht.

Den Damir Dantes, 1972 gebuer, wunnt a danzt säit hie 5 Joer al ass. Hien huet eng berufflech Ausbildung an ënnerschiddlechst Danzstiler gemaach. Vun 1992 bis 2004 huet den Damier d’Konscht vun der Pantomime an diversen internationalen Institutioune geléiert. Hien huet vum Marcel Marceau a Peter Makal geléiert, zesumme mam Maria Becker Theater gespillt.

Säin ëffentlechen Debut als Solo Pantomime haat hien am Alter vu 24 Joer am Stuttgart Pantomimentheater. Am Joer 2017 huet hie mam berühmte Standup Comedian Rob Spence zesummegeschafft.

Den Damir Dantes ass och Theaterpädagog. Als Dozent an der Theaterwerkstatt zu Heidelberg a Zürich ënnerriicht hien och Erwuessener a Kanner. Hien ass och op kléng a grouss Bühne mat engem eegene Programm ënnerwee.

Vir méi Informatiounen: http://www.pantomime-dantes.ch/
——————-
Genauen Horaire:
08.06.2019 vun 10:00-17:00
09.06.2019 vun 10:00-15:30

Präiss an Aschréiwung:
80 € vir nët-Memberen
40€ vir Memberen vun de Mäerzeger Fonkerten

De Forfait ass vir déi zwee Deeg. Vir d’Mëttegiessen mussen d’Participant’en sëlwer suergen. D’Aschréiwungen sinn obligatoresch an d’Unzuel u Plaatzen ass limitéiert.

Aschréiwungen per Telefon um 621 68 64 32 oder per Email [email protected]

De Workshop fënnt op Däitsch statt!